Walkampagne an Zäite vun der Staatstrauer

D’ADR huet, aus déiwem Respekt virum verstuerwene Groussherzog Jean (hei op enger Foto mam Groussherzog Henri), decidéiert fir bis zum 4. Mee 2019 keng eegen, ëffentlech Walveranstaltungen ze organiséieren a keng Präsenz op Braderie ze hunn.

D’Bamfeier, organiséiert vun den Trattener Veräiner fir den neien Nord-Deputéierte vun der ADR, Jeff Engelen, zu Tratten, gëtt op de Samschdeg, 25. Mee, 14.30 Auer, verréckelt.

D’ADR ass awer op allen “Tables-rondes” vertrueden, op déi si invitéiert gëtt, a stellt och, wéi geplangt, de 25. 4. hire Walprogramm vir(am Centre culturel „Am Duerf” – 1, rue Henri Lamormesnil zu Weimerskiirch). Bei där Geleeënheet hält si eng Gedenkminutt fir de Groussherzog Jean.

Deel dëse Post: