Wäerteunterrecht: Fir wien a fir wat?

Eng ganz Rëtsch Froen zum Wäerteunterrecht stellt de Fernand Kartheiser un d’Regierung. Seng Fro betrëft och d’zuel vun de Schoulen, wou et nach Moral- a Reliounsunterrecht gëtt, an d’zuel vun de Kanner, déi dës Fächer beleeën. Mee och Froen zu Kommentairen iwwer dee neien Unterrecht an iwwer d’Mataarbecht vun der Federatioun vun den Elterevereenegungen sinn derbäi. Ganz intressant Detailler gëtt een an der Äntwert gewuer: Iwwer 2 Drëttel vun de Kanner an der Grondschoul ginn an de Reliounsunterrecht géint een Drëttel an de Moralunterrecht. Am Sekondär ass et eng verschwannend Minoritéit vu Kanner (keng Honnert vun 30.000 Schüler, déi sech weder fir Moral- nach fir Reliounsunterrecht entscheed). Onverständlech, datt de Minister a senger Äntwert mengt, datt de Wäerteunterrecht fir déi Minoritéit déi besser Solutioun wär.

Deel dëse Post: