Vum Camion op d’Schinn: Vill Sue fir vill Stau [Video]

De Gast Gibéryen huet den 20. Abrëll an der Chamber iwwer eng nei Form vu Subventioun fir de kombinéierten Transport geschwat. Och wann d’ADR d’Gesetz matgestëmmt huet, huet den ADR-Deputéierten Éierlechkeet verlaangt: Wann de Logistikterminal zu Betebuerg-Diddeleng e Succès gëtt, kënnt op d’Leit aus dem Eck ëmmer méi Stau zou. An dat Gesetz, wat gestëmmt ginn ass, ënnerstëtzt net nëmmen de kombinéierten Transport vu Strooss a Schinn mee suergt deemno och fir méi Stau.

Deel dëse Post: