Vu Militärkooperatioun a Geheimaccorden [Video]

Éischter symbolesch wär e Militäraccord mat der Belsch, huet de Fernand Kartheiser den 12. Juli 2016 an der Chamber gemengt, well d’Relatioun mat deem Land schonn esou laang esou gutt ass. Hien huet erënnert un d’Brigade Piron, un d’gemeinsam Zaldoten am Koreakrich am un de gemeinsame Militärtransporter A400M, deen hien allerdéngs méi kritesch gesäit (Foto).

Trotzdem huet den ADR-Deputéierte ganz pertinent Remarquen gemaach, besonnesch, wat d’juristesch Valeur vun Geheimverträg ugeet, well jo net all militäreschen Detail kann an engem ëffentlechen Accord publizéiert ginn. Hien huet drop gepocht, datt  d’Chamber hir politesch Kontroll muss behalen. E neien  Avis juridique mat Bezuch op dee belsch-lëtzebuergesche Militärtraité géing zwar elo, entgéint deem wat d’Verfassung seet, Geheimaccorden erlaben, mä ënner ganz strikte Regelen. Da géing eng nei politesch Verantwortung schafen an d’Regierung kéint iwwer dee Wee kengesfalls politesch Décisiounen laanscht d’Chamber huelen.

De Fernand Kartheiser huet och eng intressant Parallel gezunn mat de “Programmes indicatifs de coopération” aus der Entwécklungshëllef gezunn, déi och net ratifizéiert a publizéiert géinge ginn. Och déi “Pic”e missten op d’Normen vum neien Avis juridique gepréift ginn.

Deel dëse Post: