Vu gëlle Ketten a gesteierter Informatioun

Et ass traureg, datt méi eng bekannte Persoun, an eisem Fall e fréiere Journalist, muss iwwerfall ginn, fir datt ee nei Informatiounen iwwer déi sëllechen Déifställ kritt, déi hei an de leschte Méint geschitt sinn. Baséierend op deem Mann seng Erzielung stellt de Fernand Kartheiser der Lëtzebuerger Regierung eng Rëtsch Froen iwwert d’Originne vun zwee Leit, déi festgeholl gi sinn, hiren Alter an hir Relatioune mat enger franséischer Raiberband vun Diddenuewen. Den ADR-Deputéierte freet awer och, ob déi zwee Tatverdächteger nach ëmmer agespaart oder schonn nees op fräIem Fouss sinn.

Deel dëse Post: