Nodeems sechs Länner, ënnert deenen och Lëtzebuerg, sech iwwert eng vill ze grouss Zuel un Demanden no protection internationale beschwéiert hunn, huet déi Europäesch Commissioun zu deem Dossier Stellung geholl: d’Visumsflicht kéint fir d’Bierger aus verschiddene Balkanlänner nees ageféiert ginn. D’ADR fillt sech domadder an der Positioun, déi si scho ganz laang vertrëtt, bestätegt a verlaangt, datt dës Mesure, déi mëttlerweil och vun der Regierung ënnerstëtzt gëtt, direkt ëmgesat gëtt.

D’Statistiken zu den Demanden no protection internationale hunn d’ADR scho méi laang dozou bruecht fir zu dësem Thema eng kloer Positioun anzehuelen. Zënter datt d’Visumsflicht fir déi meescht Balkanlänner ofgeschaf gouf, wiisst d’Zuel vun de Leit, déi de Statut vum Réfugié wëllen zougesprach kréien, op eng rasant Manéier: am Joer 2007 waren et der 426, vu Januar bis August 2012 waren et der 1575. An deene meeschte Fäll mussen d’Demandeuren, nodeems hiren Dossier ënnersicht gouf, Lëtzebuerg awer verloossen, well se d’Critèren net erfëllen.

D’ADR muss mat enger gewëssener Satisfaktioun feststellen, datt hir Propos mëttlerweil vun der Regierung iwwerholl gouf. Zesumme mat fënnef anere Länner (Däitschland, Éisterräich, Belsch, Frankräich an Holland) huet Lëtzebuerg e Bréif un déi Europäesch Commissioun adresséiert fir ze verlaangen, datt d’Visumsflicht fir d’Bierger aus Serbien, Montenegro, Bosnien-Herzegowina an Albanien nees ageféiert gëtt. Als Grond gi se eng vill ze grouss Zuel un Demanden no protection internationale, déi net fundéiert wieren.

Déi Europäesch Commissioun huet scho matgedeelt, datt si dës Argumenter kann novollzéien. „La vaste majorité des demandes d’asile présentées ne sont pas fondées et elles portent préjudice, car elles surchargent les services chargés de l’examen des demandes dans les États qui se sont plaints“, esou gëtt e Pressespriecher vun der Noriichtenagentur AFP zitéiert. Hien huet och betount, datt d’Autoritéite vun de betraffe Balkanlänner mussen efficace Moossnamen huelen; anerefalls misste se d’Konsequenze bezuelen.

D’ADR freet sech iwwert de Kurs, deen d’Lëtzebuerger Regierung zesumme mat aneren EU-Länner a mat den europäeschen Instanzen aschléit. Laang huet et gedauert, bis si endlech zouginn hunn, datt d’Analys an d’Propositioune vun der ADR déi richteg waren. Elo muss endlech gehandelt ginn.