Virtragsowend mat der Madamm Birgit Kelle

D’ADR huet déi grouss Freed Iech matzedeelen, datt déi bekannten däitsch Publizistin, d’Madamm Birgit Kelle, op Invitatioun vun der ADR, akzeptéiert huet fir op Lëtzebuerg ze komme fir e Virtrag ze halen. De Virtrag ass an däitscher Sprooch.

Déi Lëtzebuerger Familljepolitik hëlt ëmmer méi absurd Zich un. De Papp ass net méi de Papp, d’Mamm ass net méi d’Mamm. Ma wann och net am gläichen Ausmooss, trieden sou Tendenzen an der Lescht och am Ausland verstäerkt op. Eis Invitée engagéiert sech säit ville Joren als Buchautorin, Expertin an diverse politesche Kommissiounen an Table Ronden sou wéi als fräi Journalistin géint dëse Kultur- a familljepolitesche Verfall. 

Zu hire wichtegste Bicher gehéieren ënner anerem déi hei:

Dann mach doch die Bluse zu: Ein Aufschrei gegen den Gleichheitswahn;

GenderGaga. Wie eine absurde Ideologie unseren Alltag erobern will.;

Noch Normal? Das lässt sich gendern!

D’ADR freet sech op en interessanten a léierräichen Owend mat der Madamm Kelle a freet sech op är engagéiert Participatioun.

De geneeën Datum an d’Plaz ginn Iech nach matgedeelt. Fir de Fall, datt Dir wéinst de COVID-Restriktiounen net perséinlech kéint deelhuelen, stelle mir Iech e Livestream zur Verfügung.

Hei fannt Dir eng kuerz Biographie vun der Madamm Kelle op Däitsch:

„Birgit Kelle, arbeitet als freie Journalistin und Autorin. Sie wurde 1975 in Siebenbürgen, Rumänien geboren. Sie ist Mutter von vier Kindern und in zahlreichen Frauen- und Familienverbänden engagiert, u.a. als Vorsitzende des Vereins Frau 2000plus e.V. In verschiedenen Landtagen und vor dem Familienausschuss des Bundestages trat sie als Sachverständige für die Interessen von Müttern und Familie, sowie als Expertin im Themenkomplex Gender auf. Sie ist Mitglied der CDU. Kelle ist Autorin diverser Bestseller, u.a.  „GENDERGAGA“ und „MUTTERTIER. Eine Ansage“ und aktuell „NOCH NORMAL? Das lässt sich gendern!“. Kelle schreibt für zahlreiche Print- und Onlinemedien in Deutschland Österreich und der Schweiz (Focus, Welt, Die Presse, NZZ, Tagespost etc.) weitere Infos: www.vollekelle.de

 

Dir wëllt d’Birgit Kelle och eng Kéier live héieren? Mellt Iech bis Méindes, den 13. September iwwer info@adr.lu oder iwwer Telefon op der Nummer: 46 37 42–22 un. Wéinst den Dispositioune vum COVID-Check biede mir Iech, Iech um 18:30 op der Plaz anzefannen an eng Telefonsnummer ze hannerleeën, falls mir Iech kuerzfristeg missten erreechen. D’Entrée ass gratis.

Deel dëse Post: