
Virbereedung op den Nationalkongress 2012
De Nationalcomité vun der ADR huet den 12. März 2012 de Nationalkongress vum 25. März 2012 preparéiert.
Fir et der Partei ze erlaaben sech optimal op déi nächst Chamberwalen viirzebereeden, hunn de Nationalpräsident Robert Mehlen an de Generalsekretär Roy Reding decidéiert, fir hir respektiv Mandater ee Joer méi fréi wéi virgesinn zur Verfügung ze stellen. Domadder wëllen si enger neier Féierungsequipe d’Méiglechkeet ginn fir sech anzeschaffen nach ier de Walkampf richteg ufängt. Dofir hunn si gëschter dem Nationalcomité hir Demissioun mat Effet um 25. März offréiert.
De Präsident Roby Mehlen wor schonns am Virfeld vum Nationalcomité mandatéiert ginn, fir eng Propositioun fir seng eegen Nofolleg a fir d’Zesummesetzung vun enger neier Féierungsequipe ze maachen. No enger ganzer Rei vu Consultatioune mat Membere vun der Partei, huet hien dem Nationalcomité dës Propositioun gemaach:
| President | Fernand Kartheiser | Deputéierten Fréieren Diplomat, Direkter am Ausseministär | |
| Generalsekretär | Jean Schoos | President Bezierk Osten Fräiberuffler, Vétérinaire a Patron | |
| Generalkeesjee | Jean-Claude Strottner | Generalkessjee f.f. Agent d’Assurances, Administrateur délégué agence de publicité | |
| 1. Vice-President | Jean Colombera | Deputéierten Dokter an der Medecine | |
| Vicepresidenten | Marc Gatti | President Sektioun Déifferdeng Sportsanimateur op DNR | |
| Marceline Goergen | Presidentin Sektioun Stad Salariée | ||
| Roy Reding | President Beziert Zentrum Affekot a Patron |
Et gëtt keng Géigekandidaturen. Domadder steet fest, dat de Nationalkongress dëss proposéiert Lëcht de 25. März presentéiert kritt.
De Fernand Kartheiser an de Jean Schoos hunn d’Vertrauen vum Nationalcomité gefroot ier si formell hir Kandidatur fir déi proposéiert Funktiounen gestallt hunn.
Ennnert dene präsente Vertrieder vun der Parteispëtzt, de Bezierker, der ADRenalin (Jugendorganisatioun), an der parlamentarescher Fraktioun woren der 20 stëmmberechtegt.
D’Resultater vun denen geheimen Oofstëmmungen waren:
| Jo | Neen | Enthalung | |
| Fernand Kartheiser | 13 | 4 | 3 |
| Jean Schoos | 18 | 1 | 1 |
Et gëtt keng Géigekandidaturen. Domadder steet fest, dat de Nationalkongress dëss proposéiert Lëcht de 25. März presentéiert kritt.

