An der Reunioun vun der baussepolitescher Kommissioun vun der Chamber ass den 22. Oktober iwwert d’Creatioun vun engem „Parquet européen“ geschwat ginn. Et schéngt elo esou ze sinn, datt déi Europäesch Kommissioun banne kuerzem dem Conseil e Projet fir e Reglement proposéiert, an deem esou en Organ soll iwwert de Wee vun enger „verstäerkter Zesummenaarbecht“ tëschent enger begrenzter Zuel vu Memberstaate virgeschloe ginn. Zoustänneg wär d’Kommissärin Viviane Reding. E puer Memberlänner – dovun och op d’maanst ee grousst – wëllen nämlech bei esou enger Initiativ net matmaachen.

Esou e Parquet kéint zum Beispill op Basis vun Eurojust oder och op Basis vum Anti-Korruptiounsorganismus OLAF opgeriicht ginn.

An op d‘mannst dräi europäeschen Decisiounen (8. Abrëll 1965, Conseil Européen vu Laeken vum Dezember 2001 an Conseil Européen vu Bréissel vum Dezember 2003) gouf festgehalen, datt Lëtzebuerg sollt de Siège vun esou engem Parquet kréien.

Lo schéngt et awer méiglech ze sinn, datt Lëtzebuerg allerhéchstens e Pro-Forma-Sëtz géing kréien – wann iwwerhaapt! D’ADR huet dowéinst eng Fro un d’Lëtzebuerger Regierung gestallt, fir ze kucken, ob déi sech hirer Verantwortung an dëser Fro bewosst ass an ob d’Regierung op d’Rechter vu Lëtzebuerg als Sëtz vum Parquet européen Uecht deet.