Verknaschten déi Gréng eis Loft mat Pellet Heizungen?

Ënnert deenen diverse sougenannten Energietechnologië mat deenen déi Gréng eis amplaz vum wëssenschaftleche Fortschrëtt wëlle beglécken, ziele Pellet Heizungen zu enger vergläichsweis raisonnabeler Léisung. Mee och hei stellen sech Froen, zum Beispill iwwert d’Partikelen, déi do fräigesat ginn, déi op mannst sou laang wéi se aus dem Dieselauto koumen, an den Ae vun deene Gréngen eng massiv Gefor fir eis Gesondheet duergestallt hunn. Gouf hei mat zweeërlee Mooss geschafft? Doriwwer raus wier zum Beispill och nach ze klären, op wéi eng Manéier d’Äsche vun dësen Anlagen eigentlech entsuergt ginn.

Hannergrondinformatioun

Deel dëse Post: