Vergemeinschaftung vun EU-Scholde féiert ze wäit, esou de Gast Gibéryen!

D’Moossnamen déi vum Eurogrupp decidéiert gi waren fir d’Suitte vun der Covid-Kris ofzeschwächen, si soss näischt wéi eng Vergemeinschaftung vun den EU-Scholden, bei deer d’Lëtzebuerger Land riskéiert fir finanziell ënnert d’Rieder ze kommen, esou de Gast Gibéryen! Déi eng EU-Länner maache massiv nei Scholden, aner Memberstaaten, wéi Lëtzebuerg, ginn dofir haftbar gemaach, a musse fir dës Scholden opkommen, wann eenzel EU-Länner déi net méi zeréck bezuele kënnen. Eppes wat kloer géint de Maastricht-Vertrag verstéisst! Dofir huet d’ADR, als eenzeg Partei, géint den entspriechende Gesetzprojet gestëmmt.

Deel dëse Post: