Verfassungsrevisioun – d’CSV dementéiert sech nees selwer!

An der Institutiounekommissioun vum 23. Juli 2021 ass en Amendement ugeholl ginn, deen op eng Initiativ vun der CSV zréckgeet. Déi ganz ëmstridden Dispositioun aus dem Artikel 31 „L’Etat veille au droit de toute personne de fonder une famille (…)“ gouf modifizéiert an heescht elo „L’Etat veille au respect du droit de fonder une famille et au respect de la vie familiale.“ Dëst entsprécht am Prinzip enger Fuerderung vun der ADR, déi sech jo vehement géint déi fir d’éischt proposéiert Terminologie gewiert huet, well doduerch e Recht op e Kand géing ageféiert ginn. Och d’Initiativ „Schutz fir d’Kand“ hat grouss Bedenken zu där Formuléierung.

Leider gouf awer direkt eng Interpretatioun bei déi nei Formuléierung gesat – och mam explizitten Accord vun der CSV – déi de Sënn vun där aler Formuléierung nees retabléiert: „Il est entendu que ce nouveau libellé plus large couvre toutes les définitions du terme famille.“ Domat ass kloer, datt de Problem net eliminéiert gouf. Doduerch, datt dës Dispositioun elo bei deenen direkte Verfassungsrechter steet an net méi bei den „objectifs à valeur constitutionnelle“ kéint esouguer argumentéiert ginn, datt d’Situatioun sech nach éischter verschlëmmert huet.

D’ADR bleift dowéinst bei hirer Fuerderung, datt den aktuelle Verfassungstext zur Famill soll bäibehale ginn.  Déi Aféierung vun engem de facto Recht op e Kand duerch déi nei Verfassung steet am Widdersproch zu internationale Konventiounen a bestäerkt d’ADR nach eemol an hirer Fuerderung, datt dës Verfassung muss engem Referendum virgeluecht ginn.

Pressematdeelung vun der ADR vum 23. Juli 2021

Deel dëse Post: