Verfassungsreform: Kuckt net ewech!

173 Joer huet déi aktuell Verfassung dem Lëtzebuerger Land a Vollek Stabilitéit ginn. An där Zäit huet eis Verfassung néng Groussherzoge gedéngt an ongeféier 62 Parteie guidéiert. An elo soll si, ouni d’Vollek ze froen, ersat ginn! Fir d’ADR ass dat absolut inakzeptabel. D’Reformpartei huet an deem Kontext de 14. September eng Pressekonferenz ofgehalen, wou si nach eemol de Referendum fuerdert. 

CSV, DP, LSAP an déi Gréng hunn d’Lëtzebuerger Vollek belunn a bedrunn. Si hunn de Lëtzebuerger 2018 an hire Walprogrammer de Referendum iwwert déi nei Verfassung versprach. Wann de Bierger elo gesot kritt, et géif sech nëmmen nach ëm eng “punktuell” an net méi eng “global” Reform handelen, kann ee just nach soen: Méi onverfruere kann ee guer net léien. D’Auteure vun där neier Verfassung soe selwer, et wier eng “substantiell” Reform. Do nach wëllen en Ënnerscheed zu enger “globaler” Reform ze maachen, ass eng reng Wuertspillerei.

Schéckt den Ziedel wgl un:
ADR Fraktioun
25 ruer Notre-Dame
L-2240 Luxembourg

ODER direkt un:

Chambre des Députés
19 r. du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg

Deel dëse Post: