E Méindeg, den 25. Juni 2012 huet de Stater Buergermeeschter, Xavier Bettel, en neie Gemengeconseilljee fir d’ADR vereedegt: d’Marceline Goergen.

Nom Fernand Kartheiser senger Decisioun fir net mam Stater Gemengemandat weiderzefueren, rutscht deen Zweetgewieltenen no. Dat ass keen anert wéi d’Presidentin vun der Sektioun Lëtzbuerg-Stad. D’Marceline Goergen huet duerch seng Mandater a munche Stater Commisiounen schonns eng sellechen Dossiere gesinn. Déi läscht Wochen huet hatt de Fernand Kartheiser a vill Sëtzungen begleed fir sech optimal kënnen op säi neie Posten anzeschaffen.

Eis nei ADR-Gemengeconseilljee freet sech iwwert dës nei Erausfuerderung a mir wënschen him alles Guddes op senger neier Plaz an der Mëtt vum gréisste Gemengerot aus dem Land.