En Dënschden, den 22. November 2011 huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Diddeleng, Alex Bodry, de Gemengerot vereedegt.

E Sëtz ass besat vun der ADR a gëtt representéiert vum Marc Schiffmann. Nodeems d’Trudy Reiff als Eischtgewieltent aus berufleche Grënn säi Mandat net konnt unhuelen, huet hatt Plaz gemaach fir den Zweetgewielten, de Marc Schiffmann.

Mir wënschen dem Marc alles Guddes a senger neier Funktioun. Mir sinn eis sëcher datt seng Aarbecht als Attaché parlementaire oft vu groussem Notze wäert sinn fir eng konstruktiv Oppositiounspolitik ze féieren.