E Mëttwoch den 9. November 2011 huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng Pierre Mellina de Gemengerot am Gemengenhaus vereedegt.

Fir déi alleréischte Kéier gëtt an dëser Gemeng, ee vun de 17 Sëtz un d’Alternativ Demokratesch Reformpartei. D’ADR gëtt hei vertrueden duerch den 20 Joer jonke Joe Thein.

Mir wënschen dem Joe alles Guddes a sengem neie Posten als Gemengeconseillje a si secher datt hien matt sengem politeschen Engagement a sengem Elan eng gudd Oppositiouns-Stëmm duerstellt.