E Méindeg, de 5. Dezember 2011 huet de Xavier Bëttel, Buergermeeschter vun der Gemeng Lëtzebuerg-Stad, de Gemengerot vereedegt.

Hei huet d’ADR säi Sëtz verteidegt. D’Mandat ass fir den Eischtgewielten op der Stater ADR-Lëscht: den Deputéierten Fernand Kartheiser.Mir sinn eis sëcher datt de Fernand trotz der kléngster Stater Fraktioun, de Gemengerot op seng bekannt Art a Weis op Trab hällt an eng stark Stëmm an der Oppositioun duerstellt. Hien ass secherlech e gudde Nofolleger vum Jacques-Yves Henckes, deen sech entscheed hat dëst Joer net méi mat an d’Gemengewahlen ze goën.