Validatioun vun de Walen: Kritesch Observatiounen

D’ADR formuléiert direkt an der éischter Chambersessioun vum 30. Oktober dräi kritesch Observatiounen, wat d’Validatioun vun de Walen ugeet:

  1. D’ADR deelt d’Zweiwel, déi de Roby Mehlen a senger Reklamatioun formuléiert huet an déi d’Konformitéit vum Walgesetz mat der Lëtzebuerger Verfassung betreffen [méi dozou ënnert folgendem Link: https://adr.lu/schluss-mam-ongerechte-walsystem].
  2. D’Formel, datt d’Chamber iwwert d’Reklamatiounen “jugéiert” muss interpretéiert ginn. Wann dëst bedeite soll, datt d’Chamber hei eng juridiktionell oder quasi-juridiktionell Funktioun géif erfëllen, da misst si och kënnen eng “question préjudicielle” un d’Verfassungsgeriicht stellen, z.B. iwwert d’Konformitéit vum Walgesetz mam Artikel 10bis vun der Verfassung
  3. D’Diskussiounen ëm d’Walgesetz a besonnesch ëm d’Prozedure ronderëm d’Validatioun vun de Walen hunn eng Rei vu Lacunnen an Onkloerheeten am aktuelle Walgesetz opgewisen. Wat géif z.B. geschéien, wann d’Walen net validéiert géifen? Et ass an den Ae vun der ADR dowéinst néideg, dat aktuellt Walgesetz nach eemol ze reforméieren, respektiv, ze komplettéieren.

 

Deel dëse Post: