Urteel am Fall Gemeng Ëlwen géint Banneministesch

An engem rezenten Urteel vun der Cour administrative ass et ëm den Ëmstand gaangen, datt de Banneministär véier Budgetsposten aus de Budgeten 2019 an 2020 vun der Gemeng Ëlwen gestrach huet. Et goung an deene Budgetsposten ëm den Entretien an d’Hëtze vun de fënnef Kierchen an dräi Kapellen, déi der Gemeng Ëlwen gehéieren. De Banneministär huet domat a leschter Instanz Onrecht kritt.

D’ADR begréisst dës Entwécklung. D’Gemengen hunn der ADR hirer Meenung no d’Recht an d’Flicht, de kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg ze schützen. Dofir kann net akzeptéiert ginn, datt de Banneministär de Gemenge verbitt, déi entspriechend Gebailechkeeten ze hëtzen an ze ënnerhalen.

D’Banneministesch Taina Bofferding huet mat hirer militant kierchefeindlecher Politik Onrecht kritt. Och si muss elo der Tatsaach Rechnung droen, datt d’Erhale vun de Kierchen a Kapellen en Deel vun där wichteger Aufgab ass, déi de Gemengen am Kader vun der Preservéirung vun eisem Patrimoine zoukënnt.

Pressematdeelung vun der ADR vum 6. Abrëll 2021

Deel dëse Post: