Unterricht op Englesch: Keng sproochlech Integratioun

print

D’International School Déifferdeng kritt elo eng Annexe zu Esch, d’Victor-Hugo-Schoul. Fir d’ADR ass de Modell grondsätzlech falsch, an de Fernand Kartheiser huet säi Standpunkt nach eemol an der Chamber erkläert. 

Et sinn dräi Haaptkritikpunkten, déi hien der Intenational School Déifferdeng an Esch/Uelzecht mécht.

Dës Schoule fuerdere keng Ustrengung, fir sech hei am Land ze integréieren. A béide Schoulen ass Lëtzebuergesch de Stoussnéckel, well den Unterrecht op Franséisch oder Englesch ass. Dat ass kee Bäitrag fir d’Integratioun an et fërdert Parallelgesellschaften. Och Wëssen iwwer d’Land, an deem d’Schoul steet, steet net uewen am Programm vun deene Schoulen. Fir den ADR-Deputéierten ass dat alt nees de Beweis, datt d’Regierung zwar vill vum Stellewäert vum Lëtzebuergesche schwadronéiert an och dichteg Sproochepläng opleet, eis Sprooch, als wichtegste Facteur vun enger gelongener Integratioun, a Wierklechkeet awer net eescht hëlt.

Wat d’Personal ugeet, solle Leit mat Franséisch oder Englesch als Mammesprooch hei Unterrecht halen: Och dat geet géint d’ADR-Positioun, wat den ëffentlechen Déngscht ugeet. Hei solle wann iwwerhaapt nëmmen an héchster Nout Auslänner fir speziell Aufgaben agesat ginn, wa kee Lëtzebuerger déi Aufgab kann erfëllen. Dat ass am Enseignement net de Fall.

De Fernand Kartheiser huet och déi traditionell Lëtzebuerger Schoul verdeedegt. Et kann a sengen Aen net sinn, datt Kanner, déi an enger klassescher méisproocheger Lëtzebuerger ëffentlecher Schoul sinn, manner gutt Chancen um Aarbechtsmaart hu wéi Kanner, déi an enger eesproocheger ëffentlecher Schoul hei am Land sinn. Eis Sproochesituatioun, mat eiser Nationalsprooch an den zwou Amtssproochen, sou de Fernand Kartheiser däitlech, soll net vun der Regierung iwwert de Koup gehäit ginn.