Ungarn – wéini léiert den Här Asselborn wat Diplomatie ass?

print

Och d’ADR ass iwwert de politesche Wee beonrouegt deen eng (ze vill) grouss Partei an Ungarn aschléit. Si ass awer och irritéiert iwwert d’Aussoë vum lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, deen an engem Tageblatt Interview fuerdert „Die EU-Kommission (…) muss zuschlagen“. Här Asselborn, d’Zäite vum Warschauer Pakt sinn eriwwer! Ungarn hat do mam „zuschlagen“ batter Erfahrung gemaach wat Ungarn ugeet, sollt een dowéinst besonnesch virsiichteg a senger Ausdrocksweis sinn!

Ungarn ass e Beispill wat passéiere ka wann eng eenzeg Partei ze vill Muecht kritt, an dës op laang Weil, mat alle Mëttele wëll ofsécheren. Datt d’FIDESZ eng Schwësterpartei vun der CSV ass a mat dëser am EU-Parlament am EVP-Boot sëtzt ass vläicht net nëmmen Zoufall, an d’ADR gëtt sech es net midd och zu Lëtzebuerg op ondemokratesch Zoustänn hinzeweisen, wéi z.B. d’Besetzung vum Staatsrot, d’Mëttele vun der „Presse amie“, eisen ongerechte Wahlsystem an déi ageschränkte Rechter vun der Oppositioun an der Chamber.

Et ass ausserdeem och zu Lëtzebuerg net vu Muttwëll op Dossieren opzepassen wéi zum Beispill d’Onofhängegkeet vun der Justiz, d’Fräiheet vun der Press an d’Onofhängegkeet vun der Zentralbank.

Mat Sécherheet mussen eng Rei Gesetzer a aner Moossnamen, déi rezent an Ungarn geholl goufen, zeréck gezu ginn. D’ADR vertraut dofir op d’ungarescht Vollek, dat och schonns an der Vergaangenheet bewisen hat, datt et mat Courage a Geschéck säi Schicksal kann an d’Hand huelen. De Bierger huet dofir, och an Ungarn, d’Mëttel vun de fräie Wahlen.

Mä grad am Liicht vun der ungarescher Geschicht ass et méi wéi inakzeptabel datt de lëtzebuerger Ausseminister d’Wuert „zouschloen“ am Kontext mat Ungarn an de Mond hëllt. Am Hierscht 1956 hunn do sowjetesch Panzeren zougeschloen, wëll schonns deemools d’Ungarn e Wee wollte goen déi enger supranationaler Muecht net gefall hat! Här Asselborn, d’EU-Kommission ass (hoffentlech!) keng “EUdSSR”a si trefft sech net zu Moskau. Oder hätt Dir dat gär anescht?

D’ADR fuerdert den Ausseminister dofir op, an dësem wéi an anere sensibelen Dossieren, endlech mat méi Diplomatie a Fangerspëtzegefill virzegoen fir datt Lëtzebuerg seng gutt Renommeeë op der internationaler Bühn net nach méi verspillt.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.