Unerkennung vun Héichschouldiplomer zu Lëtzebuerg

D’Regierunge vun den EU-Memberstaate sinn autonom, wat hir Bildungssystemer ugeet, a kënnen no eegenem Ermiesse Reegelungen applizéieren, och wat d’Unerkennung vun akademesche Qualifikatiounen ugeet. Déi national Diplomer ginn zu Lëtzebuerg automatesch vum Staat unerkannt, bei auslänneschen Diplomer ass d’Androen an den «Registre des titres de formation» erfuerderlech. Et ginn awer och zu Lëtzebuerg Héichschoulen, déi Diplomer ausstellen, déi net vum Lëtzebuerger Staat unerkannt ginn. Wat fir Héichschoule sinn dat, a firwat ginn déi net vum Staat unerkannt?

Deel dëse Post: