Ukrain-Konflikt: Ernierungssécherheet steet um Spill!

Am Kontext vum Krich an der Ukrain steet d’Ernierungssécherheet vun den europäesche Länner um Spill. A senger Interventioun vum 16. Mäert proposéiert den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen konkret Mesuren, wéi een déi souwisou schonn ugespaante Situatioun berouege kéint. An deem Sënn huet de Jeff Engelen och eng Motioun deposéiert, déi et erlaabt, dës Iddie séier an onkomplizéiert ëmzesetzen. Et ass allerdéngs en Trauerspill, wéi all déi aner Parteien sech géint dës Motioun ausschwätzen, fir jo net d’ADR ze ënnerstëtzen. An dësen Zäiten hätt een sech erhofft, dass ee kéint iwwerparteilech zesummeschaffen, fir Léisungen am Hibléck op d’Ernierungssécherheet ze fannen. Traureg!

 

Deel dëse Post: