D’ADR fillt sech nom Uerteel vu Karlsruhe iwwert den Europäesche Stabilitéitsmechanismus an hirer Positioun bestätegt. Dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht huet bekannt ginn, datt de Bundestag säin Accord muss ginn, falls d’Bedeelegung vun der Bundesrepublik um Kapital vum ESM erhéicht gëtt. D’ADR verlaangt, datt d’Chamber hei am Land datselwecht Recht kritt an datt mir endlech ophalen ëmmer méi Souveränitéit ofzeginn.Bei der Debatt an der Chamber de 26. Juni 2012 hat d’ADR d’Dispositioune vum ESM-Traité grondleeënd hannerfrot. Den ADR-Deputéierte Gast Giberyen hat besonnesch kritiséiert, datt d’Finanzministere kënne wichteg budgetär Decisiounen ouni den Accord vum Parlament huelen. D’ADR huet doran eng inakzeptabel Atteinte géint d’Demokratie a géint déi budgetär Rechter vun de nationale Parlamenter gesinn. Ënner anerem dowéinst huet d’ADR och géint den Traité gestëmmt, deen awer vun CSV, LSAP, DP an déi Gréng guttgeheescht gouf.

Dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht huet haut bekannt ginn, datt den Accord vum Bundestag fir esou budgetär Decisiounen obligatoresch ass a net kann un d’Regierung delegéiert ginn. Sollt d’Bedeelegung vun der Bundesrepublik um Kapital vum ESM erhéicht ginn (si läit fir den Ablack bei 190 Milliarden Euro), missten déi däitsch Deputéierten driwwer ofstëmmen. D’ADR verlaangt datselwecht Recht fir d’Chamber géigeniwwer der Lëtzebuerger Regierung. Si soll keng Decisioun ouni den Accord vun eiser Chamber däerfen huelen. D’Participatioun vum Lëtzebuerger Staat beleeft sech iwwregens op 1,7 Milliarden Euro (engersäits ginn 200 Milliounen Euro an dräi Tranchen iwwerwisen, anersäits gesäit d’Gesetz 1,5 Milliarden Euro „à titre de parts sujettes à appel“ vir).

D’ADR muss feststellen, datt d’Chamber ëmmer méi Pouvoir an ëmmer méi Souveränitéit ofgëtt. Hei zu Lëtzebuerg huet d’Regierung just versprach d’Chamber iwwer d’Entwécklung am ESM z’informéieren, ouni awer datt d’Deputéierten nach en Decisiounsrecht hätten. De Parlamentspräsident Mosar huet zwar ugekënnegt, datt um Niveau vun der Presidentekonferenz a vun der Verwaltung géing gekuckt ginn, wéi d’Deputéierten hirer Kontrollfunktioun kéinte gerecht ginn. Mä d’ADR ass der Meenung, datt esou Reflexioune vill ze spéit kommen an net wäit genuch ginn.