Biltgen, Weber, Spautz a Kaes mussen d’Konsequenzen zéien!

D’ADR huet d’Nouvelle vu finanziellen Tricksereien bei Pro Actif mat Roserei, awer wéineg Verwonnerung zur Kenntnis geholl. Well scho viru Joeren huet d’Cour des Comptes ähnlech Manipulatiounen opgedeckt. D’Regierung huet joerelaang ouni gesetzlech Grondlag, dat heescht an totaler Illegalitéit, bezuelt. Dee ganze Montage vun de sougenannte Beschäftegungsinitiativen ass e politesche Self-Service vun deenen zwou Regierungsgewerkschaften op Käschte vum Steierbezueler an e Versuch, fir dat wierklecht Ausmooss vun der Aarbechtslosegkeet an d’Versoe vun eisem faule Schoulsystem ze camoufléieren.  Zum Avantage vun deenen zwou Regierungsparteien, déi op dës Art a Weis politescht an elektoralt Kapital doraus schloen. An dann elo schon erëm Tricksereien, fir nach méi Geld aus der Staatskeess ofzezocken! Wann déi Konsorte LCGB-Bonzen an CSV-Deputéierte Weber, Spautz a Kaes nach fir fënnef Sou Schimmt hunn, dann zéie se elo d’Konsequenzen. Als Volleksvertrieder sinn se net méi tragbar! An de Minister Biltgen och net. Wéi laang léisst eist Vollek sech déi Schmarotzermentalitéit do nach gefalen?