[ca_audio url=“https://adr.lu/wp-content/uploads/2012/11/20121112-ADR-Roby-MEHLEN1.mp3″ width=“500″ height=“27″ css_class=“codeart-google-mp3-player“]

Gudde Mëtteg, léif Nolauschterer,

De leschten Donneschdeg huet d’ADR hire 25. Gebuertsdag a Präsenz vun eisem Grand-Duc a vill Prominenz gefeiert.

An dat obschonn de Jean-Claude Juncker, dee permanent ënnerwee ass fir den Diktatoren op dësem Globus d’Demokratie z’erklären, et zu sengem erkläerten Zil gemaach hat, d’ADR verschwannen ze doen.

Mir si viru 25 Joer ugetratt, fir déi grouss Ongerechtegkeete bei de Renten a Pensiounen aus der Welt ze schafen.

A mir kënnen haut mat Satisfaktioun behaapten, datt mer op deem Gebitt villes erreecht hunn, och wann et leider nach ëmmer net zu engem eenheetleche Regime fir all Leit am Land komm ass.

D’Suerge vun haut sinn anerer wéi déi vun deemools.

Déi international Finanz- a Wirtschaftskris huet Lëtzebuerg fest am Grëff.

D‘Verschëldung vum Staat klëmmt an engem Mooss, dat net méi ze toleréieren ass.

Geféierlech strukturell Schwächten an Defiziter ginn ëmmer méi däitlech siichtbar.

Dozou gehéieren ënner anerem:

  • eis ëmmer méi schwaach schoulesch Performance,
  • eng äusserst defizient berufflech Orientéierung,
  • e grousse Manktem un Entrepreneursgeescht a Risikobereetschaft bei eiser Jugend,
  • de Réckgank u wirtschaftlecher Attraktivitéit fir Betriber,
  • den unhalend héije Chômage,
  • eng wirtschaftsfeindlech Bürokratie
  • e grousse Retard bei wichtegen Infrastrukturen asw.

All dat ass d’Folleg vun enger onerhéierter Mësswirtschaft duerch déi lescht Regierungen, déi déi vergaange gëllen Zäiten net genotzt hunn, fir eist Land beschtens op d’Zukunft virzebereeden.

Virun de leschte Wahlen, wéi déi aktuell Finanzkris scho mat zwou Hänn ze gräife war, huet eisen dichtege Staatsminister Juncker dem Léierpersonal als Walcadeau ouni Nout eng gehéireg Gehaltserhéijung accordéiert.

Deeselwechte Staatsminister genéiert sech elo keng Grimmel, fir d’Leit opzefuerderen, se sollten him Virschléi maachen, wou e spuere kënnt!

Do feelen engem ganz einfach d’Wieder, fir sou e Comportement ze qualifizéieren.

Léif Nolauschterer, ech hunn a leschter Zäit ganz vill Leit begéint, déi sech schrecklech vill Suergen ëm d’Zukunft vun dësem Land maachen; déi zu Recht fäerten, datt mir riicht a griichesch Verhältnisser schlidderen.

Lëtzebuerg steet ouni Zweifel viru schwéieren a schicksalhaften Entscheedungen.

D’Regierung ass duerfir gefuerdert, endlech eng Politik mat Kapp a Fouss ze maachen.

Mat deem gewinnte Gepiddels a Gewurschtels a Gemauschels vun deene grousse Parteien ass eist Land jiddefalls net ze retten.

D’ADR ass an dëser eeschter Situatioun bereet hir Verantwortung fir d’Zukunft vum Land ze iwwerhuelen.

Ech soen Iech Merci fir d‘Nolauschteren.

Bäitrag vum Roby Mehlen, Éierepresident, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg den 12. September 2012