[ca_audio url=”https://adr.lu/wp-content/uploads/2012/11/20120611-ADR-Marceline-Goergen.mp3″ width=”500″ height=”27″ css_class=”codeart-google-mp3-player”]

Gudde Mëtteg, léif Nolauschterer

Ech si Presidentin vun der Stater ADR – Sektioun an iwwerhuelen ab Juli dem Fernand Kartheiser säi Mandat am Stater Gemengerot. Dir stellt iech bestëmmt Fro wei et 9 Méint no de Wahle schonns zu engem Wiessel kennt? D’Äntwert dorop ass ganz einfach. Nationalpresident, Deputéierten an Gemengeconseiller ass ganz vill Aarbecht an de Cumul vun all deene Mandater erlaabt et net eng qualitativ gutt an effizient politesch Aarbecht ze leschten. D’ADR ass géint dëse Cumul an dofir huet de Fernand Kartheiser säi Mandat am Gemengerot néiergeluecht.

Ech triede mat vill Interessen a mat grousser Motivatioun dëst Mandat un an wärt mäin allerbescht ginn a maache fir Äert Vertrauen, léif Nolauschterer, ze wierdegen.

Eng vu menge Prioritéiten ass de soziale Volet. D’sozialt Engagement an den Sozialdialog si sécher méi entwéckelt wei an munnech anere Gemengen, villes muss awer endlech ugepaakt an verbessert ginn.

  • Ënnert deene Froen, déi mech besonnesch interesséiere sinn zum Beispill déi hei:
  • Wat kann een géint d’Käschtenexplosioun an den Alters-a Fleegeheemer maachen?
  • Wéini fanne mir endlech eng definitiv an allgemeng akzeptéiert Léisung fir d’Fixerstuff?
  • Kënne mir betreite Wunne fir Jugendlecher ariichten?
  • An Wéi eng professionell Zukunft gëtt et nach fir Laangzäitaarbechtsloser a Persoune vun iwwer 45 Joer?

Bei der Waasserversuergung wëll d’ADR datt et endlech muss e Gratissockel fir jidderee ginn, gekoppelt un e sozial gestaffelte Waasserpräis. Besonnesch deene sozial Schwaache wär esou gehollef, ouni dat si, wéi déi Gréng dat wëllen, op d’Sozialamt mussen heesche goen.

Am Kader vum ëffentleche Verkéier ass d’ADR als eenzeg Partei am Gemengerot  géint en Tram an eiser Haaptstad.

Souwuel mir Awunner wie stater Geschäftsleit kënnen net mat der ageschränkter Vue vum stater Mobilitéitskonzept averstane sinn.

Amplaz vum Tram proposéiert  d’ADR déi eenzeg Léisung, de City-Tunnel, de Konzept, dee vum engem lëtzebuergeschen Ingenieur entwéckelt gouf. Als ADR fuerdere mir dofir d’Regierung an de Stater Schäfferot op, fir endlech d’Alternativ zum Tram – nämlech de City-Tunnel serieux préiwen ze loossen!
An Zäite wou d’Sue knapps sinn, brauche mir eng richteg Léisung fir eise Verkéiersproblem, a ganz sécher keen Tram! Net ze schwätze vum Käschtepunkt: mat 320 Milliounen Eurosoll et am Wahljoer 2014 lass goen. Kuerz niewebäi gesot: d’Nordstrooss ass no 20 Joer nach ëmmer net fäerdeg a kascht bis elo 658 Milliounen.

Wie heescht et am Nol op de Kapp: Affaire à suivre!

Ech soen iech Merci

Tribune libre gesent op RTL & 100,7 den 11. Juni 2012

Ried vum Marceline Goergen, Präsidentin vun der ADR-Stad