Tribune Libre op RTL: D’Sylvie Mischel iwwert die nei Verfassung an de Referendum

D’Sylvie Mischel, Presidentin vun den ADR-Fraen, war e Méindeg, den 15. November 2021, Gaascht op RTL fir d’Parteien-Tribune-Libre. Liest a lauschtert waat  d’Sylvie zur neier Verfassung an dem Referendum ënnert de Neel brennt.

Dir Dammen an Dir Hären,

An deene leschte Wochen ass vill iwwer déi nei Verfassung geschwat ginn. Vill Leit wëllen e Referendum, esou wéi déi meeschte politesch Parteien dat och virun de Wale versprach haten. Dëse Wonsch gouf och duerch déi enorm vill Ënnerschrëfte fir d’Rekordpetitioun 2007 op eng beandrockend Manéier dokumentéiert.

Elo huet e Comité vun engagéierte Bierger déi offiziell Prozedur declenchéiert, bei där sech d’Leit kënnen op d’Gemeng aschreiwe goen fir e Referendum ze froen. Mir hoffen, datt ganz vill Leit sech dës Méiglechkeet net entgoe loossen, fir kënnen iwwer hir Zukunft an déi vun eisem Land mat ze decidéieren. Hätten d’Parteien sech all un hir Walversprieche gehalen, wär dës Prozedur net néideg ginn.

Dee Broch vun hirem Walverspriechen duerch d’CSV, d’DP, d’LSAP an déi Gréng riskéiert zu engem bleiwende Vertrauensverloscht an d’Politik ze féieren. Kee vernënftege Mënsch kann esou Argumenter akzeptéieren, wéi dat,datt de Referendum net méi néideg wär, well et sech net méi géing em eng « integral » mee nëmmen nach em eng « substantiell » Reform handelen, oder datt e Referendum ze ëmständlech wär, well déi nei Verfassung jo aus véier verschiddene Kapitele géing bestoen, oder och nach, datt d’Matière fir d’Leit einfach ze vill komplizéiert wär.

E Professer vun der Uni Lëtzebuerg, den Här Luc Heuschling, sot op RTL « Der Regierung hir Argumentatioun, fir de Referendum falen ze loossen, ass net valabel. (…) Och wann een de Kuch a véier deelt, bleift et nach ëmmer ee Kuch, iwwert deen hätt ee kënnen ofstëmmen ». Souwäit den Här Heuschling. Perséinlech wier och hie fir e Referendum, « well dee gutt fir d’Demokratie » wier.

Jo, dorëm geet et – ëm den Asaz fir eis Demokratie! Et geet em eng politesch Kultur déi d’Parteien net aus hirer Verantwortung entléisst, wa si hir Versprieche briechen. Zu där Kultur kënne mir all bäidroen- duerch eisen Engagement, … duerch eis Ënnerschrëft.Dat wichtegst Gesetz am Land däerf net ouni d’Vollek an net laanscht d’Vollek bal komplett verännert ginn !

Mir als ADR wäerten elo all Gemengen uschreiwen, fir datt si et de Leit esou einfach ewéi méiglech maache fir sech anzeschreiwen, a fir datt si d’Leit och genuch informéieren. D’Registréieren däerf de Leit net, aus engem politeschem Calcul eraus, onnéideg schwéier gemaach ginn.

Vill Leit sinn elo schonn am Gaang hir Noperen, Frënn a Famill ze sensibiliséieren an Navetten ze organiséiere fir Wieler op d’Gemeng ze feieren. Zanter Méint gesi mir eng formidabel Mobilisatioun fir eng méi lieweg Demokratie an eiser Gesellschaft, an dat mécht Hoffnung fir d’Zukunft. Et spiert ee bal e « politescht Fréijoer » an eisem Land, vill Dynamik, freedegen Engagement an neien Optimismus no enger schwéierer Zäit! All deene Leit, déi sech esou fir eist Land an eis Rechter asetzen, soe mir vun Häerze Merci!

 

Tribune Libre op RTL: D’Sylvie Mischel iwwert De Referendum

Deel dëse Post: