[ca_audio url=”https://adr.lu/wp-content/uploads/2012/11/20111024-ADR-Robert-Mehlen.mp3″ width=”500″ height=”27″ css_class=”codeart-google-mp3-player”]

Gudde Mëttech, léif Nolauschterer,

D’Gemengewahlen sinn eriwer, an déi nei Gemengen- a Schäfferéit wäerten an deenen nächste Wochen hir Aarbecht mat vill Enthusiasmus a grousse Pläng fir déi nächst sechs Jar ophuelen.

Si maachen dat an enger Zäit, déi vu grousser Onsécherheet a vu schwéiren Turbulenzen um europäeschen Niveau gezeechent ass. Vun enger europäescher Finanzkriis, déi eis all mat grousser Suerg iwer eis Zukunft erfëllt. Enger Finanzkriis, déi awer gréisstendeels drop zréckzeféiren ass, datt d’Politik keng Léiren aus der viirechter Kriis gezunn an hir Aarbecht nët gemaach huet.

Wéi war et da méiglech Här Juncker, datt dat héich verschëllte Griichenland iwerhaapt an de Grupp vun den Eurolänner erakomme konnt? Wéi war et méiglech, datt déi meescht Staaten an der Eurozon sech vill méi héich hunn däerfe verschëlden, wéi de Maastricht-Vertrag et zougelooss huet? A wéi war et méiglech Här Frieden, datt Banken sech weiderhin mat faule Kreditter konnte vergëften an de Steierbezueler elo rëm eng Kéier muss bludden, well d’Bankenopsiicht hir Aarbecht nët gemaach huet? Wann déi Lëtzebuerger EU-Kommissärin dann de Rating-Agenturen d’Schold gëtt, an dreet, si géif se kuurz a kleng schloen, da muss een sech froen, fir wéi domm mir gehale ginn.

Neen, nët d’Rating-Agenturen si schold um aktuelle Misär, mee d’Regierungen, déi –aus wat fir enge Grënn och ëmmer – nët kapabel sinn, fir hir Budget’en an de Grëff ze kréien an de Finanzmäert déi Regelen opzezwéngen, déi sou katastrophal Dérapagen géifen onméiglech maachen. Soulaang eng Parti Leit mat wëlle Spekulatiounen onmoosseg vill Geld verdéngen, iwwerdeems déi grouss Mass mat hirer realer Aarbecht fir deenen hir Scholde muss opkommen, ass de System faul an huet d’Politik versot.

An da kléngt et wéi Hohn a Spott, wann – alt rëm eng Kéier – éise Mister Euro an éise Finanzminister, mat éise Steiergelder Banke retten, an séch duerfir och nach wéi Helde feire loossen. Hätten si an hir europäesch Homologen hir Aarbecht gemaach, da bräichte mir elo nët ze fäerten, datt den Euro, a mat him eis Wirtschaft an d’Gette geet.

Ob éis Gemengen och an Zukunft kapabel sinn, hire vielfältegen Aufgaben nozekommen, hänkt zu engem groussen Deel vun der zukünfteger Entwécklung vun de Staatsfinanzen an domatt och de Gemengefinanzen of. Loosse mer hoffen, datt nët rëm en Uelech-scheich opkräize muss, fir eis an eiser verfuerener Situatioun ze hëllefen.

Ech soen Iech merci fir d’Nolauschteren a wënschen Iech trotz all deem nach e schéinen Dag.

Bäitrag vum Parteipresident Roby Mehlen, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg den 24. Oktober 2011