[ca_audio url=”https://adr.lu/wp-content/uploads/2012/11/20120123-ADR-Gast-Gibéryen.mp3″ width=”500″ height=”27″ css_class=”codeart-google-mp3-player”]

Dräi Deeg virum Vote an der Chamber huet den Deputéierte Gast Gibéryen am Kader vun der Tribune libre d’Haltung vun der ADR zur Indexmanipulatioun duergeluecht. D’ADR dréit de weideren Sozialofbau vun der CSV-LSAP Regierung net mat!

„Esou wéi d’ADR et vir un de Gemengewahlen viraus gesot hat, schléit d’CSV-LSAP Regierung erneit zou, dës Kéier mat der Ënnerstëtzung vun der DP an Déi Gréng“, sot de Gast Gibéryen op d’Decisioun fir e weideren Sozialofbau. D’ADR huet sech an hirem Walprogramm kloer fir d’Bäibehalung vum Index ausgeschwat.

Den ADR Députeirten ziel dofir dës Grënn op:

  1. Den Index ass net méi an net manner wéi d’Erhalen vun der Kafkraaft. Kréien d’Leit dësen Ausgläich net, geet hir Kafkraaft erof.
  2. Geet d’Kafkraaft erof, leiden och déi kleng a mëttelstännesch Betriber.
  3. Béi enger Indextranche kréien all Salariéen hire Kafkraaftsverloscht ausgeglach, och déi vill déi net ënner e Kollektivvertrag falen.
  4. Den Index huet iwwert Joerzéngten den soziale Fridden garantéiert.
  5. Ouni Index ginn d’Verhandlungen fir e Kollektivvertrag an d’Sozialkonflikter méi haart.
  6. Déi bëschte Bekämpfung vum Kafkraaftverloscht ass wann d’Regierung dofir suergt datt d’Inflatioun kleng bléift.  Un der aktueller Inflatioun, déi iwwert dem EU-Duerschnett leit, huet d’Regierung selwer Schold.
  7. Mat de festen Datumen wou eng Inflatiounstranche erfällt wäert d’Regierung nach manner op d’Entwecklung vun der Inflatioun Rücksicht huelen.
  8. Duerch des CSV-LSAP Politik gi grad Familijen hart betraff.

„D’ADR waërt en Donneschdeg géint déi Indexmanipulatioun stemmen“, hält de Gast Gibéryen fest. Am Géigenzuch vum integralem Bäibehalen vum Index mussen awer d’Gewerkschaften awer mat  Nullronnen oder moderat Fuerderungen bei Kollektivvertragsverhandlungen zefridde sinn.

„D’ADR huet säit hirer Grënnung virun 25 Joer sech ëmmer fir en gerecht Sozialpolitik agesat a wäert och weider dëser Missioun gerecht ginn“, huet de Gast Gibéryen versprach.

Beitrag vum Fraktiounspresident Gast Gibéryen, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg den 23. Januar  2012