[ca_audio url=“https://adr.lu/wp-content/uploads/2012/11/20120102-ADR-Roby-Mehlen.mp3″ width=“500″ height=“27″ css_class=“codeart-google-mp3-player“]

Gudde Mëttech, léif Nolauschterer,

2011 war d’Jar vun de Prabbelien. Méi genee den EURO-Rettungs-Prabbelien.
Dobäi huet et, wann een den Eurogruppe-Chef Jean-Claude Juncker héiert, iwerhaapt keng Euro-Kriis ginn, mee just eng Scholdekriis vun e puer Euro-Staaten.
Wann et keng Euro-Kris ginn huet, wuerfir hu mir dann déi vill Prabbelien an Hiewele gebraucht, fir den Euro ze retten?

Eent ass sécher, den Thema wäert eis 2012 erhale bleiwen, an d’Gefoer ass reell, datt mer duerch déi Spuermoossnahmen, déi noutwendeg sinn, fir den Euro ze stabiliséiren, an eng Rezessioun geroden, déi och eist Land nët verschoune wäert.

Eise Chomage ass och esou schon mat bal 20.000 Aarbechtslosen op Rekordniveau. Et ass dat eng gellech Katastrof fir e Land, an deem all Joer tëscht 8- an 10dausend nei Aarbechtsplaze geschafe gi sinn.

A wou et trotzdem immens schwéier ass, Personal mat der gewënschter Qualifikatioun ze fannen, souwuel am privaten wéi am ëffentleche Secteur. Et weist sech ëmmer méi, datt déi desaströs Bildungspolitik an déi mangelhaft Beruffsorientéirung zum zentrale Problem hei am Land gi sinn.

Wat bréngt et, nach nei Betriber an d’Land ze huelen, wa mer d’Arbechtskräften duerfir ëmmer méi wäit an d’Ausland musse siche goen, iwerdeems bei eis de Chomage weider klëmmt?

Wéi solle mer d’Käschte vun dësem wuessende Chomage packen, wann ëmmer méi jonk Leit mangels Qualifikatioun direkt vun der Schoul an de Chomage oder d’Beschäftegungsinitiativen, wat näischt anescht wéi e camoufléierte Chomage ass, dränéiert ginn?

D’Situatioun an eisem Land ass vill méi eescht, wéi d’Regierung et zougëtt.

Dat ass awer manner op d’Euro-Kris oder d’Weltkonjunktur zréckzeféiren, wéi op d’Onfähegkeet vun eise Regierungen, déi néideg a richteg Reformen an eisem Erzéiungs- a Bildungswiesen duerchzeféiren.

D’Primärschoulreform ass engersäits e bürokratescht Monster, anerersäits ass d’Chance fir verschidde gutt Ännerunge virzehuelen, verpasst ginn. D’Sekundarschoulreform reskéiert op déi selwecht Schinn ze geroden.

Wat mir elo brauchen, ass e breeden Debat, un deem all Concernéiert, virun allem déi betraffen Elteren a Schüler, awer och d’Beruffswelt an onofhängeg Fachleit bedeelegt sinn, fir de richtege Wee aus dësem Dilemma ze fannen.

Vum Succès vun dëser Operatioun hängt d’Zukunft vun eisem Land of. Méi wéi vun irgend engem anere Facteur!
An dësem Sënn wënschen ech Iech am Numm vun der ADR am neie Jar vill Gléck, Wäitsiicht a Courage.

Ech soen Iech merci fir d’Nolauschteren.

Beitrag vum Parteipresident Roby Mehlen, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg den 2. Januar 2012