[ca_audio url=”https://adr.lu/wp-content/uploads/2012/11/20120702-ADR-Joelle-Giannotte.mp3″ width=”500″ height=”27″ css_class=”codeart-google-mp3-player”]

Léif Nolauschterer,

d’Jugend, gëtt gesot, interesséirt sech net fir d’Politik. Mä d’Politik interesséiert sech fir d’Jugend, oder besser gesot bal all politesch Décisioun, huet fir d’alleréischt een Impakt op d’Zukunft vun der Jugend vun haut.

Bescht Beispill: d’Pensiounsreform! D’Pensioun ass eppes fir déi „al“ ? Ma neen, eben net! Dat wat de Minister Mars di Bartolomeo plangt trëfft am härtesten déi wou zanter kuerzem eng Aarbecht fonnt hunn oder an der nächter Zäit eng Aarbecht unhuelen! D’ADRenalin verlangt, datt op jiddefalls d’Studentenzäit, esou wéi bis elo, voll ugerechent gëtt. Mir gi jo opgefuert, zu ëmmer méi ze studéiren, eis ze spezialiséieren! Dann honoréiert dëst och wann ech gelift! D’ADR an hir Jugend ënnerstezt voll a ganz de Generatiounenpakt. Do mussen d’Laaschten awer gerecht tëschent, Jonk, manner Jonk an Al gedeelt ginn. D’Pensiounsreform däerf net, wéi de Minister dat plangt, ganz um Bockel vun deenen gedroen ginn, déi a 40 Joer sollen a Pensioun goen!

Mä virun der Pensioun kënnt d’Aarbecht, an och do mussen déi Jonk am Land sech ëmmer méi Suergen maachen fir iwwerhapt eng ze fannen. D’Zuele schwätze fir sech, de Chômage schleit all Record mat momentanen 16000 offziell ageschriwwenen Aarbechtsloser. Dovunner sinn e ¼ Jonker! Datt ass u sech schonn e politesche Skandal.

Sinn mir all hei méi domm wéi déi 140 000 Frontalieren déi all Dag an bei eis an d’Ländche kommen fir hei ze schaffen? Oder bréngen déi Verantwortlech fir d’Schoulwiesen an Economie, et einfach net fäerdeg fir d’Ausbildung an d’Erausfuerderungen vum Aarbechtsmaart beieneen ze bréngen? Mat Sécherheet bréngen déi vill Experimenter a Reformetten vun der Ministerin Mady Delvaux eis kee Schratt weider. An eng déifgräifend Reform vun der ADEM, wou Jungendlecher an aner Aarbechtsloser eng eecht Hëllef kréichen fir am Aarbechtsmaart Fouss ze fassen, feelt och.

D’ADR fuerdert zanter Joeren a mat Nodrock eng Schoulreform, déi sech erem un deene staerkste moosst, an dei mei schwach matzitt. D’LSAP, mat der Komplizitéit vun der CSV, leisst et net eemol zou, datt e Schouldirekter an der Groundschoul ageoufert gëtt!
D’Politik an d’Economie mussen Aarbecht fir jiddereen schafen! Fir Akademiker genau esou wéi fir Meedercher a Jongen déi et an der Schoul méi schwéier hunn fir weider ze kommen. D’Handwierk huet eng Zukunft, soen se. Mir soen chiche! Mä da mussen dës Beruffer och nees méi attraktiv gemaach ginn, an dëst och iwwer Paien déi d’Jugend nees motiviéiert an déi handwierklech Beruffer eran ze goen.

Mir Jugendlecher hunn och Usproch op eng eegen Wunneng, eng déi ons gehéiert, a fir déi mir net mussen iwwert 30 Joer e Prêt zeréckbezuelen. D’Léisung leit net dran, eis iwwert d’Grenz ze schécken a selwer Frontaliere aus eis ze maachen, fir datt en Dram vum eegenen Doheem wouer gëtt! D’ADRenalin fuerdert d’Regierung op, an deem Dossier endlech Neel mat Käpp ze maachen, wou dach de „Wunnengspakt“ noweislech absolut keen positiven Afloss op d’Präisser huet!

Eng gutt Schoul an Ausbildung; eng Aarbecht wou ee Freed huet fir moies dohinn ze goen an dobäi der Gesellaschft als ganz virun hëlleft; e flotten Dach iwwert dem Kapp; einfach een Emfeld wou e flott ass eng Famill ze grënnen: ass dat zevill verlangt?

Als ADRenalin maache mär eis Suergen, datt déi „erwuesse“ Politiker dës elementar Bedürfinnser aus den Aan verluer hunn, wou se dach den Euro musse retten a mat Promoteuren musse mauchelen fir e gratis Fussballstadion ze bauen!

Léif Jugend dobaussen, mir sinn d’Zukunft vu muer. All eenzelen vun eis kann eppes veränneren, du brauchs dech just ze trauen. Wann d’Politik sech net fir eis an eis Problemer interesséiert, dann musse mir eis fir d’Politik intersséieren an aktiv eppes ennerhuelen.

Tribune libre gesendt op RTL & 100,7 den 2. Juli 2012
Ried vum Joëlle Giannotte, Präsidentin vun der ADRenalin, déi jonk adr