[ca_audio url=”https://adr.lu/wp-content/uploads/2012/11/20120917-ADR-Jeff-ENGELEN.mp3″ width=”500″ height=”27″ css_class=”codeart-google-mp3-player”]

Opgrond vun enger jorelaanger falscher europäescher Politik, mécht elo, als logesch Konsequenz, eng international Finanz- a Wirtschaftskris sech bemierkbar. Et gëtt ëmmer vun der Eurokris geschwat, mä ass net den Euro selwer, mä ëm dat ewéi dermat ëmgaange gouf. Vill Länner sinn iwwerschëlt, well si et ze wäit komme gelooss hunn, dëst zum Groussdeel aus waltaktesche Grënn. Elo gëtt ewell iwwer 4 Joer den Euro gerett, awer géif een et vergläiche mat engem Schwammbasseng, wär dëse Schwaarz vu Rettungankeren, awer den Euro ass nach ëmmer am Ënnergoen. Kee Wonner och: retten dach déiselwecht Leit den Euro, déi en och ënnergoe gelooss hunn. Am Däitsche géif ee soen „ Ein Schelm, der dabei Böses denkt“.

An elo musse grad déi, déi iwwerhaapt keng Schold an dëser Kris hunn, kuerz gesot schaffend Leit an déi Kleng- a Mëttelbetriber, Konsequenzen droen a  mussen d’Pan klaken, respektiv si gi geplëmmt. Déi, déi dës Kris provozéiert hunn, bleiwen op hire gutt gefëllten Täsche sëtzen a fëllen se sech elo souguer nach eng Kéier.

Ween elo gemengt huet, duerch dës Kris géifen d’Regierungsparteie sech besënnen an ëmdenken, huet sech geiert. Elo musse Staatsbudgete sanéiert ginn, awer dëst geet dann op eiser aller Käschten. Ënnert dem Impuls vun enger CSV-LSAP Regierung gëtt zënter Joren hei am Land de sozialen Ofbau bedriwwen: Erhéijung vun de Steieren, Erhéijung vun de verschiddensten Taxen, Manipulatioun vum Index a vum Rentenajustement. Do derbäi gi lues a lues eenzel Sozialleeschtungen, grad fillbar fir déi mannerbemëttelt Leit, zeréckgeschrauft; gläichzäiteg gëtt d’Wunnen hei am Land fir dës Leit esou deier, datt et praktesch onbezuelbar gëtt.

Duerch dës Salamitaktik vu permanenten Erhéijungen, dëst a ville Beräicher, stoussen elo déi schaffend Leit un de Bord vun hire Grenzen. Mir brauchen eis net ze wonneren, datt d’Aarmut an déi sozial Ausgrenzung permanent zouhuelen.

Jorelaang ass schonns gewosst, wat op d’Land zoukënnt, awer beim Staat oder méi richteg gesot bei dëser CSV-LSAP Regierung, ass d’Iddi vun der Noutwennegkeet ze spueren nach net ukomm. Kuerz gesot: Mir liewen iwwert eis Verhältnisser. All Joer muss den Equiliber vum Staatsbudget duerch een Emprunt garantéiert ginn. D’ADR weist permanent op dës onhaltbar Zoustänn hin, krut awer bei der Regierung net den néidegen Echo. Bei de leschte Walen, wou waltaktesch Grënn a kuerzfristeg Iwwerleeungen eragespillt hunn, goufe vu verschiddene Parteie Walkadoe gemaach, vun deenen déi kleng Leit nëmme kënnen dreemen. Awer dës Kadoen hunn et a sech. Si musse mat Scholde bezuelt ginn, wat onverantwortlech ass. Mat der Zäit kréien eis Kanner a Kandskanner d’Rechnung vun dëse Walkadoe presentéiert. Mir liewen op d’Käschte vun eise Kanner a Kandskanner. Dës Regierung huet net d’Zukunft vun eise Kanner am A, mä just den nächste Waltermin am Bléck.

Mat Ausnahm vun eenzelne Kategorien oder Privilegéierter muss ee soen a feststellen: dat sougenannt räicht Lëtzebuerg gëtt et net; dees musse mir ons bewosst ginn. Duerch eng falsch Globaliséierungspolitik geet ons nach do derbäi d’Aarbecht aus, ass dës dach grad d’Basis vun all eenzel Existenz. An do derbäi leeft eise Bildungssystem méi schif, ewéi den Tuerm vu Pisa. Opgrond vun all deene Fakten an deene falsche Léisungen ass Lëtzebuerg ganz schlecht opgestallt fir d’Zukunft.

Beitrag vum Jeff Engelen, President vum Bezierk Norden, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg de 17. September 2012