[ca_audio url=”https://adr.lu/wp-content/uploads/2012/11/20120416-ADR-Schoos.mp3″ width=”500″ height=”27″ css_class=”codeart-google-mp3-player”]

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

d‘ADR huet sech de 25. Mäerz eng nei Parteispëtzt ginn. Dëst an der Traditioun, an an der Logik vun enger Partei déi all Bevölkerungsschichten vertrëtt.

De Roby Mehlen ass no iwwer 20 Joer un der Parteispëtzt vum Kongress verdingtermoossen zum Eirepräsident gewielt ginn. Fernand Kartheiser a Jean Schoos heeschen déi 2 nei Leit un der Spëtzt vun eiser Partei. Allen 2 goufe mat iwwer 90% vun de Stëmmen um Kongress pläbizitéiert. Ennerstëtzt an hirer politescher Aarbecht ginn si vu 4 Vize-präsidentinnen a Präsidenten.

Mat neiem Mutt an Elan geet dës Ekipp d’Problemer vun eiser Heemecht un, an der ginn et genuch.

Wéi wäit muss eng Regierung komm sinn, fir d’Oppositioun no Léisungen an der Kriis ze froen. D‘ADR huet hei hir Verantwortung iwwerholl, an dir kënnt léif Nolauschterinnen an Nolauschterer eis Proposen fir Lëtzebuerg op eisem Site adr.lu noliesen.

Wéi verzweifelt muss e Finanzminister sinn, wann hart driwwer nogeduecht gëtt d’ASBLen ze besteieren. D’Joer vum Benevolat schengt scho laang vergiess ze sinn.

Wéi muss d‘Kommunikatioun bannend der Regierung sinn, wann deen ee Minister seet spueren, an deen aanere Minister iwwert d’Käpp vum Parlament eraus, Suen verdeele wëll.
Während de private Sekteur op den Index verzichte muss, dank der Indexmanipulatioun déi d‘ADR net gestëmmt huet, kritt e ganzen Sektor 2,2 Punkten bäigesat. Wéi wëll dës Regierung dëse Pharisäertum erkläeren.

Eis Partei ass erfëllt vun enger neier gesonder Dynamik, Dag fir Dag stousse Léit zu eis, déi eng Politik en „bon père de famille“ sichen.

Si verstinn net, wéi souvill aanerLëtzebuerger och, wat mir an dësen Zäiten mat engem deiere Militärfliger sollen. Si verstinn net, wat fir eng Léisung den Tram bidde soll. Wou haut scho bei de Foireshalen keng Park-and-Ride Parkplaze méi fräi sinn. Si verstinn net, wéi eng Nordstrooss iwwer 20 Joer gebraucht huet, Millione vun Euroen kascht huet, a sollt si dann mol fäerdeg sinn, vun der aktueller Verkeierssituatioun total iwwerholl ginn ass. Si verstinn och net, wéi am Kader vun enger Lounverhandlung, eng Steier ofgeschaf ginn ass, dës dann awer knapps 10 Méint duerno ërem op de Leescht geholl gëtt.

Op all dës Froen huet d‘ADR ëmmer eng kloer Äntwert ginn, an däitlech Positioun bezunn. Et wier lo un der Zait, datt sech déi Verantwortlech an d‘Land a Regierung, mol domat auserneen setze géingen. Et kann een als Regierung net, op der enger Säit ëm Hëllef bei der Oppositioun usichen, an op der aanerer Säit all konkret Virschléi systematesch ignoréieren. Esou eng Regierung kann een dach net eecht huelen.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, op onst d‘Land komme vill a grouss Erausfuederungen duer. D‘ADR ass prett dës mat Ierch zesummen unzegoen. Ech soen Ierch merci fir d‘Nolauschteren.

Beitrag vum Generalsekretär Jean Schoos, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg den 16. Abrëll 2012