Transparent a vollstänneg Covid-Zuelen?

Am Kader vu Covid-19 kréien d’Awunner all Dag aktualiséiert Fallzuele matgedeelt. D’Moossnamen a Restriktioune begrënnt d’Regierung dann och mat esou Zuele wéi deene vun den Neiinfektiounen an Hospitalisatiounen. Dat mécht et ëmsou méi wichteg, datt dës Zuelen differenzéiert an detailléiert genuch erhuewen an duergestallt ginn, fir datt et net zu falsche Schlëss kënnt.

An deem Kontext huet de Jeff Engelen eng Rei Froen un d’Gesondheetsministesch geriicht. Esou huet den ADR Deputéierten a senger parlamentarescher Fro beispillsweis d’Opschlësselung vun den Zuelen am Kader vun de gemaachte PCR-Tester hannerfrot, grad ewéi den Zweck vun enger bestëmmter Kategorie, respektiv Ënnerdeelung, vun deenen Zuelen. Och huet den Deputéierte gefrot, wat d‘Viraussetzungen an d’Krittären si fir de Status vun enger „geheelter“ Persoun a vun enger Persoun mat „aktiver Infektioun“, a wéi dës Zuele schliisslech berechent ginn.

 

Deel dëse Post: