Transathleten am Lëtzebuerger Sport

Dat am November 2021 vum IOC publizéiert Dokument iwwer transsexuell Athlete gouf vum IOC selwer als Konzeptpabeier fir déi international Sportverbänn definéiert, woubäi vum IOC Wäerter wéi Fairness, Inclusioun an Net-Diskriminéierung an d‘Spill bruecht goufen. Wärend bis elo fir Transfraen (also biologesch Männer, déi hiert Geschlecht gewiesselt hunn) am Sport kloer Testosteron-Riichtwäerter applizéiert goufen, ass am neien IOC-Dokument net méi rieds vun esou Riichtwäerter. Et gëtt ënnerstrach, datt Transfraen ee Recht op Selbstbestëmmung hätten an hinnen dofir, soulaang net fondéiert wëssenschaftlech Beweiser de Géigendeel beweise géifen, net ënnerstallt dierft ginn, si hätten een onfaire Virdeel géintiwwer Cisfraen, also biologesche Fraen. Vill medezinesch Experten, Wëssenschaftler a Sportfonctionnairë gesinn dëst IOC-Dokument awer kritesch a betounen, et wier just aus enger Mënscherechtsperspektiv eraus verfaasst ginn, ouni op enger wëssenschaftlecher Basis ze stoen. Wéi steet d’Regierung zu den IOC-Richtlinnen? Wäert d’Lëtzebuerger Regierung d’Sportverbänn hei am Land dozou verflichten oder encouragéieren, dës Richtlinnen ze applizéieren?

D’Äntwert vun der Regierung ass zugläich onwëssenschaftlech an evasiv. Sou schreift si: “En Transmann ass e Mann, dee no der Gebuert opgrond vun de gängege kierperlechen Normen als weiblech ugesi gouf. Eng Transfra ass eng Fra, déi bei der Gebuert opgrond vun de gängegen Normen als männlech ugesi gouf.”  Dat heescht: Der Regierung no ginn et keng biologesch Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra, mee just “gängeg kierperlech Normen”!!!

D’Regierung wäert de Sportverbänn net virschreiwen, ob “Transfraen”, also biologesch Männer, u Fraekompetitiounen deelhuelen däerfen oder net. Do kënnt eppes op eis Sportswelt duer… Hei ass d’Äntwert vun der Regierung:

 

Deel dëse Post: