Virdeeler vum City Tunnel

Nodeeler vum Traml

  • et ass déi wierklech Léisung vun eisem Verkéiersproblem mat fënnef Mol méiKapazitéit ewéi den Tram
  • et entsteet ënnerierdesch en neien an zousätzleche Verkéierswee
  • et gi manner Busse gebraucht an dofir entsteet och iwwerierdesch méi Plaz
  • kee groussen Chantier iwwer Joeren op der Gare an an der Stad
  • d’Roud an d’Nei Bréck brauchen net fir vill Suen ëmgebaut ze ginn
  • déi meeschte Leit/ Pendler mussen net méi ëmklammen: si kommen direkt op hiert Ziel fir schaffen oder akafen ze goen
  • et brauch keen Tram kaf ze ginn well et gëtt mat bestehendem Eisebunnsmaterial a personal gefuer
  • D’Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport klëmmt allgemeng och fir d’Frontalieeën
  • D’Stader Gare gëtt enorm entlaascht an d’Busgare verschwanne zum gréissten Deel

De City-Tunnel léist d’Problemer an der Stad, dem Land an der Groussregioun

  • Tram léist Problem vun de Pendler net; amplaz an de Bus ëmzeklammen, gëtt just an den Tram ëmgeklomm, et ass näischt gewonnen
  • fir dem Tram Plaz ze maachen, kréien aner Verkéiersmettel Plaz ewechgeholl, fir den Auto gëtt et an der Stad nach manner Plaz
  • d’Bauphase féiert iwwer Joeren zu Chaos an der Stad , et kënnt zu héigen Käschten beim Bau, den Ëmleedungen fir de Verkéier an d’Neileeën vun den Infrastrukturen
  • den Tram gëtt an der Stad en zousätzleche Geforepunkt am Verkéier.
  • grouss an deier Viraarbechten u Rouder an Neier Bréck sinn néideg wéinst der Statik
  • Ëmklammen vum Zuch op den Tram an vun do op de Bus gëtt zum Vollekssport,
  • neit an zousätzlecht Material (Trammen  + Tramsschapp muss kaaf resp. Gebaut ginn)

Den Tram léist kee Verkéiersproblem mä schaaft neier an der Stad