Tram: nëmmen d’ADR ass fir d’Biergerbedeelegung !

E Méindeg den Owend ass am Stater Gemengerot d’Biergerbedeelegung vun alle Parteien ausser der ADR ofgeleent ginn! Net nëmmen déi blo-gréng Majoritéit, och d’Oppositioun vun CSV, LSAP an déi Lénk refuséieren, datt de Bierger an deem deiere Projet Tram e Wuert däerf matschwätzen. D’ADR wäert sech trotzdem weider dofir asetzen, datt iwwert de Wee vun engem Referendum de Bierger an aller Transparenz iwwert den Tram informéiert gëtt an un dëser wichteger Decisioun bedeelegt gëtt.

E Méindeg hat d’Marceline Goergen, ADR-Conseillère an der Stad, eng Resolutioun deposéiert fir de Gemengerot opzefuerderen, vun sech aus e Referendum iwwert de Projet Tram ze organiséieren. All d’Parteien, ausser der ADR, hunn sech géint esou e Referendum ausgeschwat. CSV, LSAP, DP, Déi Gréng an Déi Lénk hunn domadder nees eng Kéier bewisen, wéi wéineg se vun der Biergerbedeelegung halen, awer och wéi wéineg Vertrauen se hunn, datt de Bierger de Projet Tram ënnerstëtzt. Traureg ass et awer och fir d’Demokratie, datt dës wichteg Resolutioun nëmmen eng eenzeg Wuertmeldung ausserhalb vun der ADR ervirgeruff huet. Domadder hunn all déi aner Parteie gewisen, wéi wéineg Respekt se virun der Partizipatioun vum Bierger ausserhalb dem Dag vun de Walen hunn.

D’ADR bleift der Iwwerzeegung: nëmmen iwwert de Wee vum Referendum ass et méiglech, fir eng objektiv Informatioun iwwert den deiere Projet Tram un d’Leit ze bréngen an de Bierger duerno selwer entscheeden ze loossen. D’ADR-Sektioun Stad, mat der Hëllef vun der ganzer Partei, wäert elo all Kräften ënnerstëtzen, fir datt et iwwert de Wee vum Sammele vun Ënnerschrëften awer nach zum Referendum kënnt. Och ouni Ënnerstëtzung vum Gemengerot sollen esou d’Bierger aus der Stad d’Méiglechkeet kréien, déi gréisste Feelinvestitioun fir d’Stad a fir d’Land kënnen ze verhënneren.

Tram: eng Resolutioun fir e Referendum!

Marceline Goergen zum Tram: fir e lokale Referendum! (VIDEO)

Roy Reding: den Tram féiert an de Chaos! (VIDEO)

Pressekonferenz zum Tram: e puer Echoen aus der Press

Pressekonferenz: Den Tram féiert an de Chaos! (VIDEO)

Deel dëse Post: