Tierkesche Referendum iwwer d’Doudesstrof zu Lëtzebuerg?

An der Tierkei kéint e Referendum doriwwer entscheeden, ob d’Doudesstrof nees sollt agefouert ginn. De Fernand Kartheiser huet eng parlamentaresch Fro gestallt. Hie wëllt ënner anerem wëssen, ob d’Lëtzebuerger Regierung wëll hir Zoustëmmung ginn, fir datt Tierken op der tierkescher Botschaft hei am Land un deem Referendum kënnen deelhuelen. De Bausseminister huet geäntwert, datt d’Regierung esou ee Referendum op Lëtzebuerger Territoire net géing zouloossen.

Deel dëse Post: