Terrorattack mat Fliger: D’Regierung hëlt hir Responsabilitéit net! [Video]

En Accord mat der Belsch a mat Holland, deen den 12. Juli 2016 an der Chamber war, beschäftegt sech mat terroristesche Fligerattacken. D’Militärfliger aus deenen zwee Länner däerfen all Mesuren huelen fir esou e Fliger ze identifizéieren an zur Landung ze zwéngen, wa kloer ass datt en d’Instrument vun enger terroristescher Attack soll sinn. Net erlaabt ass hinnen awer déidlech Gewalt. Esou e Fliger däerf net iwwer dem Lëtzebuerger Territoire erofgeschoss ginn.

Dat kritiséiert de Fernand Kartheiser mat villen Argumenter. E Fliger, dee sech wéilt op Cattenom stierzen oder op d’Héichhaiser um Kierchbierg oder op de Stau géing vill méi Mënschen a Gefor bréngen, wéi seng Passagéier a misst kënnen erofgeschoss ginn. De Verglach, deen d’Regierung géing mat däitschem Recht zéien, wär net ubruecht, well eis Verfassung an eis Gesetzer méi no un franséischem a belschem Recht wären. Den Ofschoss vun esou Terrormaschinnen ass iwrtegens a Frankräich, Holland an der Belsch akzeptéiert.

En aneren Aspekt ass d’Kontroll vum souveränen Loftraum. Obwuel dësen Traité géing weisen, wéi wichteg et ass, säin eegene Loftraum ze kontrolléieren, wär d’Regierung nach ëmmer bestriewt, déi Kontroll iwwer eise nationale Loftraum a friem Hänn ze ginn.

Deel dëse Post: