Taxien: Roy Reding verlaangt méi Fräiheet fir Clienten a Choferen [Video]

Guer net d’accord ass d’ADR mat de neie gesetzleche Regelungen fir d’Taxien, déi den 20. Abrëll an der Chamber waren. De Roy Reding huet sech géint d’Lizenzen ausgeschwat, déi d’Zuel vun den Taxie festschreiwen. Hien huet sech fir d’Clienten agesat, déi hei am Land mat déi deierst Taxipräisser musse bezuelen an duerfir wéineg Service kréien. An hien huet sech fir d’Choferen agesat, déi ënner onméigleche Konditioune schaffen, esou de Roy Reding. Hien huet och prophezeit, datt mat deem do Gesetz, trotz der Libearliséierung vun de Präisser, d’Taxien hei am Land nach méi deier wäerte ginn.

Deel dëse Post: