Task Forces: D’Transparenz feelt!

An engem Interview mam Luxemburger Wort de 25.04.2020 huet de Staatsminister konkret Froen iwwer d’Zesummestellung vun den Task Forces net beäntwert a just op d’Dateschutzreegele verwisen.

D’Ëffentlechkeet huet awer d’Recht ze wëssen, wat fir Interessegruppen en direkten Afloss op der Regierung hir Entscheedunge kéinten hunn. Hei stellt sech also kloer d’Fro vun der Transparenz, mat där sech de Fernand Kartheiser un de Staatsminister riicht.

 

Deel dëse Post: