Systematesch Gesetzesverstéiss bei der Personalpolitik vun der Post?

De Syndicat des P&T, déi gréisste Personalvertriedung vun der POST erhieft schwéier Virwërf géint de Minister. Säit 2012, also mëttlerweil zéng Joer gëtt bei der Astellung vun neiem Personal systematesch géint d’Postgesetz verstouss, dat e Gläichgewiicht tëschent dem Personal ënnert dem ëffentlechen an dem privatrechtleche Statutt virgesäit an 2017 och nach eng Kéier an engem Accord de Médiation festgehale gouf. Bei der Wal vun der Personalvertriedung am Verwaltungsrot vun der POST sollen de 25. Oktober weider Fakte geschaf ginn. D’Vertrieder vum ëffentleche Personal kruten zugonschte vun de private Salariéeën ee Sëtz ewechgeholl. Gesäit de Minister vir, fir hei ëmzesteieren?

Deel dëse Post: