Sympathesch Feier mat politescher Spëtz

no images were found

D’Mëmbere vun der ADR hunn e Sonndeg, de 9. Juli hiert Familljefest gefeiert bei gréisstendeels sonnegem Himmel. D’Fest war an der Scheier zu Izeg, an et war, wéi all Joers gutt besicht.
Zwar ass vill Politik gemaach ginn, awer dat war eng Saach vun eenzelnen Dëscher, wou äifreg Meenunge getosch gi sinn. Awer esou e Familljefest gëtt bei eis net vun uewen erof gefouert. Deementspriechend kuerz war d’Usprooch vum Parteipresident Dr Jean Schoos: Laang genuch allerdéngs, fir e puer pikant Detailler an der Google-Affär lass ze ginn.

E Bauerebetrib soll jo Plaz maachen fir datt Google eng enorm Server-Arichtung kann an d’Land stellen. An d’ganz Land ass sech eens, datt deen Terrain selbstverständlech soll u Google fallen. Wat net gesot gëtt: scho virun 20 Joer huet dee nämmlechte Bauer mussen engem Industriebetrib wäichen. Kee Wonner, datt dee Mann keng Loscht huet, nach eng Kéier bei Null unzefänken.
Wat och net diskutéiert gëtt ass deen enorme Stroum- a Waaserverbrauch vun där geplangtener Google-Installatioun. Wueestum ouni Brems, wéi de Jean Schoos kritiséiert, dee sech besonnesch iwwer déi kritiklos gréng Partei wonnert, déi esou eng radikal Wuesstemspolitik matdréit.

Deel dëse Post: