D’ADR-Fraen haten de 6. Januar 2020 hire statutaresche Kongress. Bei de Walen ass d’Madamm Sylvie Mischel als Presidentin zréckgewielt ginn. Si ass domat och nees Member vum Nationalkommitee a vun der Exekutiv vun der Partei.

Weider Membere vum Comité vun den ADR Frae sinn déi Dammen:

Goulnora Soultanova, Vizepresidentin a Sekretärin
Nadejda Trotsenko, Tresoriere
Faber Marie-Andrée, Member
Goergen Marceline, Member
Koehler Pierrette, Member
Molzahn-Kirsch Anna, Member
Retter Michèle, Member
Schiltz Marianne, Member
Solny Colette, Member
Stoffel Nicky, Member

D’ADR Frae wëllen zu engem gudden Ofschneide vun der ADR bei deenen nächste Chamberwale bäidroen. Un dem néidege Prozess vun der Verjéngung vun der Parteispëtzt wëllen d’ADR-Fraen dowéinst och aktiv matwierken a kompetent Kandidatinne fir Féierungspositiounen an der Partei proposéieren an ënnerstëtzen. Nach virun dem nächsten Nationalkongress sollten d’Weiche fir eng Erneierung a Verjéngung vun der ADR-Spëtzt gestallt ginn.

D’ADR-Fraen denken, datt de „Conseil national des femmes“ keng representativ Daachorganisatioun vun de Fraen hei am Land ass. No dem net justifiéierte Refus vun enger Memberschaft vun den ADR-Fraen aus reng ideologesche Grënn, gouf elo d’“Fédération Luxembourgeoise des Femmes du Luxembourg“ ausgeschloss. Den CNFL gëtt ëmmer méi zu engem Organismus dee géintiwwer senge Memberorganisatiounen eng ideologesch lénk Linn an d’Genderideologie wëll duerchsetzen. Géintiwwer méi konservativen oder wäertorientéierte Virstellungen, wéi z.B. dem Schutz vum Liewen, wiisst d‘Intoleranz. D’Fro stellt sech wéi noutwendeg esou eng Organisatioun wéi den CNFL an eiser Gesellschaft iwwerhaapt nach ass.

D’ADR Frae gi mat Dynamismus an Engagement an d’Joer 2020 a setzen sech a fir eng Gesellschaft an an där d’Fraen an d’Männer gläichberechtegt matenee liewen a schaffen. Fir si ass dat Géintenee vu Fraen a Männer, wéi et vu villen Organisatioune propagéiert gëtt, keng valabel Optioun.

D’ADR Frae kämpfen och weider fir d’Rechter vun der Famill a vun de Kanner. D’Kommerzialiséierung vum Kand an d’Exploitatioun vun der Fra, wéi z.B. duerch eng Leihmutterschaft (GPA) sinn op kee Fall akzeptabel. Och huet all Kand e natierlecht Recht op seng Mamm a säi Papp.

D’ADR Frae wäerten sech donieft fir Sujeten ewéi de Kampf géint d’Aarmut, fir eng gutt Qualitéit vun der medezinnescher Versuergung an vum Fleegesecteur, fir eng volontaristesch Integration a besonnesch och vun deene Matmensche mat Behënnerung a weiderhi géint all Diskrimineierung op Grond vum Geschlecht, esouwuel vun de Fraen ewéi vun de Männer asezen.
Lëtzebuerg, de 6. Januar 2020
De Comité vun den ADR-Fraen