Suggeréiert d’Regierung e falscht Bild vun de Coronainfektiounen?

Obwuel ëmmer méi Leit géint de COVID-19 geimpft oder dovu geheelt sinn, berouegt sech d’Lag bei den Neiinfektiounen no offiziellen Aussoen net. Besonnesch déi Leit, déi sech géint eng Impfung entscheeden, gesinn sech an der entspriechender politescher Diskussioun ëmmer méi Poleemiken ausgesat, déi och duerch Interventioune vum Staatsminister Xavier Bettel éischter verstäerkt, wéi gezësst ginn. Mee op wéi zolitte Féiss steet dës Uklo vun deene genannte Leit iwwerhaapt? Laang Zäit goufen och Leit, déi sech fir eng Impfung entscheet hunn, awer nach op eng zweet Dosis hu misse waarden, am Fall vun enger Infektioun mam Coronavirus automatesch als “net geimpft” gezielt.

Ass et méiglech, datt d’Regierung net nëmme géint de Prinzip vun der gesellschaftlecher Solidaritéit an den Diskriminatiounsverbuet verstouss huet, mee dobäi och nach mat hallefhäerzege Statistiken hantéiert hätt?

Deel dëse Post: