Suessemer Schlass: Never Ending Story

D’Suessemer Schlass steet zënter véier Joer eidel. Proprietär vum Gebai ass de Staat. Dat war RTL eng Reportage wäert. Ee klengen Intermezzo gouf do awer vergiess.

Nodeems de leschte Bewunner, de Centre virtuel de la connaissance sur l’Europe (CVCE) aus dem Suessemer Schlass geplënnert war, hat den LSAP-CSV Schäfferot am Joer 2018 säin groussaartegen Avant-Projet vun enger Kach-Akademie a Kollaboratioun mam Institut Paul Bocuse grouss an de Medien ugekënnegt. D’Koalitioun war esou begeeschtert vun hirer Iddi, datt d’Press nach virun de Parteien informéiert gouf. Nodeems et awer zu kengem Deal koum, ass den Dram vun enger eng Kachakademie am Suessemer Schlass vun LSAP an CSV wéi d’Titanic ënnergaangen. Komescherweis ass deemools kee vum Schäfferot viru Press getrueden an huet dëst mat groussem Tamtam verkënnegt.

Geschicht war an der Suessemer Gemeng nach ëmmer ee Stoussnéckel. Beispiller (Zolwer Buerg, Suessemer Schlass…) ginn et der genuch, d’Kultur- a Geschichtshaus A Gadder huet hei just eng Alibifunktioun.

Mir als ADR Gemeng Suessem fuerderen ee Konzept, wat zukunftsweisend ass. Och wann d’Schlass net am Besetz vun der Gemeng ass a Renovatiounsaarbechten e puer Iwwerraschunge kéinten un den Dag leeën, hu mir Visiounen, déi dem Suessemer Schlass gerecht kéinte ginn an de Patrimoine laangfristeg sécheren. Aner Gemengen hunn et virgemaach, wéi zum Beispill Beetebuerg oder Mamer, wou d’Gemengen an d’Schlass geplënnert sinn. Eis feelt zum Beispill och eng Bibliothéik an der Gemeng, bei där eng Kollaboratioun mat der BNL kéint virgesi ginn. Mir géifen och ee Musée dra gesi mat engem Schwéierpunkt Geschichtsperiode vun de Kelten, Réimer, Franken a Merowenger hei am Minett. Wanderausstellungen aus den Naturmuséeë kéinten och een Highlight sinn.

Iddie sinn do, komm mir schwätzen a loossen d’Suessemer Schlass erëm liewen!

Deel dëse Post: