Am Diddelenger Gemengerot vum 14. Mee 2012 ass de Projet iwwer d’Schafung vu 14 Studentewunnengen an der Gemeng diskutéiert an ofgestëmmt ginn. D’ADR huet dëse Projet net matgestëmmt mä sech enthalen. D’ADR ass wuel fir d’Schafe vu Studentewunnengen, mä net zu egal wat fir engem Präis.

Bei dësem Projet ginn 394 m2 Wunnraum mat der Energieklass F geschafe fir 2 160 000 €, dat si 5 535 €/m2. Um fräie Marché gëtt de m2 am Neibau zu Diddeleng, mat der Energieklass C, mat 4 000 € de m2 gehandelt.
Dat bedeit, datt dëse Projet 38% (820 000 €) méi deier ass wéi de reguläre Präis. Dobäi muss ernimmt ginn, datt beim Präis vu 4 000 € de m2 de Promoteur och nach Gewënn mëscht.

Et ass net novollzéibar, datt d‘Vertrieder vun der LSAP an der Chamber fir all national Spuermoossname stëmmen, op Gemengenniveau ëmsou méi verschwenderech mat ëffentleche Gelder ëmginn.

Matgedeelt vun der ADR-Sektioun Diddeleng an dem Gemengeconseiller Marc Schiffmann

RTL huet de Communiqué iwweholl. Den Artikel op RTL.LU