Strategesch Pëtrolsreserve oder net?

Am ënneschten Tirang soll d’Erweiderung vum Mäerterter Tanklager leien, huet e Minister op engem LSAP-Kongress – am Osten natierlech – behaapt. Deen Dossier steet awer an enkem Zesummenhang mat der strategescher Pëtrolsreserve, zu där sech Lëtzebuerg international averflicht huet. Et läit ausserdeem eng Ufro vun enger privater Firma fir dës Erweiderung vir. Duerfir huet de Fernand Kartheiser nogefrot, ob een deen Dossier wierklech esou einfach an en Tirang klasséiere kann, wéi dat am Virwalkampf versprach gëtt.

Deel dëse Post: