Stellungnam – Komitee Adrenalin

print

Zënter enger Zäit ass d’ADR sech bewosst dat um Niveau vun der Partei eng Rei vu grondsätzlechen Iwwerleeunge musse gefouert ginn. Et ass festgehalen datt direkt no de Gemengerotswahlen den Nationalkomitee sech heimatter géif befaassen. D’Absicht ass datt bis zum Ënn vum Joer eng Rei vun deementspriechende Propositioune solle virleien. Dofir huet de Nationalkomitee décidéiert Aarbechtsgruppen anzesetzen zu folgenden Themen: intern Parteistrukturen – Ëffentlechkeetsaarbecht – Formatioun vun de Memberen.

Fir datt deen eenzele Bierger méi prezis weess wou a fir wat d’ADR steet befaasst sech den Nationalkomitee mat dësem Sujet bis zum Ënn vum Joer. Fir eng méiglechst breet Meenungsvillfalt ze kréie sinn d’Memberen aus allen ADR-Strukturen invitéiert un deenen Diskussiounen ze partizipéieren.

An deem Zesummenhang bedauert d’ADR datt een Deel vun de Memberen aus der ADRenalin – Jugend vun der ADR – net un dësen Diskussiounen deelhëlt a sech, ier Konklusioune gezu sinn, aus dem Virstand vun der ADR ausgetratt sinn.  D’ADRenalin wäert also bannent deenen nächste Wochen e Kongress ofhale fir sech en neie Virstand ze ginn.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.